Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/52

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
This page has not been proofread.

Drëtte Gesank.

Drop léisst de Kinnek ruffen
Erëm säi ganze Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

Ewell d'Affär vum Renert
Dat ass en haarde Knuet:
Se gouwen nammel eneg,
Ze schécken nach e Buet.

A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kiebche krut dräi Stëmmen,
De Kueder krut der aacht.

De Kinnek wénkt dem Kueder,
De Kueder trëtt ervir:
Dir hat e schlaue Vueder,
Här Hinz, dir glaicht him schir.