Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/64

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
This page has not been proofread.

Véierte Gesank.

De Grimpert goung, a reseg,
E koum beim Monnonk un;
Dee souz mat Fra a Kanner
Do ëm e fetten Hunn.

Den Dachs gouf schéin empfaangen,
Säi Monnonk leckt em d'Maul,
An d'Fra an d'Kanner waren
Mat Schnoffien och net faul.

Ech komme, sot de Grimpert,
Iech nun als drëtte Buet,
A géift dir nach net kommen,
Dat wär e grousse Schued.

Dir huet eng eeschtlech Léier,
Dir huet e kluge Geescht,
Ier Kingheet awer, Monnonk,
Verwonnert mech dermeescht.